201 Kateřina Englichová, Concert-mémoire MemoShoah 2015-102


Autor:
Jwh
Formát:
1836 x 1400 Pixel (2252743 Bytes)
Popis:
*D'Harfistin Kateřina Englichová.

Am Kader vum Klenge Maarnicher Festival hat d'Associatioun MemoShoah Lëtzebuerg de 26. Abrëll 2015 op e Concert-mémoire an d'Klouschter op der Pafemillen zu Cinqfontaines agelueden. Den Evenement gouf an Zesummenaarbecht mam Cube 521 organiséiert a stoung ënner dem Patronage vun der tschechescher Ambassade an der Wëntger Gemeng.

D'Klouschter, 1903 vun den Häerz-Jesu Pateren als Missiounsklouschter gegrënnt, gouf am Zweete Weltkrich vun den Nazien als Internéierunglager fir jüddesch Matbierger benotzt. An der Zäit vun 1941 bis 1943 goufen hei ënner onmënschleche Konditiounen eng knapp 300 Leit duerchgeschleist an duerno a Vernichtungslager an Osteuropa ëmbruecht.

Déi bekannt tschechesch Museker Kateřina Englichová a Vilém Veverka goufen hire Concert an der Klouschterkapell. Tëscht den eenzelne Stécker huet de lëtzebuergeschen Historiker Marc Schoentgen iwwer d'Persecutioun vun de Judden zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich referéiert an ass speziell op d'Geschicht hei am, vun den Nazie sougenannten, "Jüdischen Altersheim" agaangen. D'Literaturwëssenschaftlerin Germaine Goetzinger huet Passagen aus dem Tagebuch vum Hugo Heumann: Erlebtes-Erlittenes. Von Mönchengladbach über Luxemburg nach Theresienstadt - Tagebuch eines deutsch-jüdischen Emigranten virgelies.

Nom Concert war eng Zeremonie beim Auschwitz-Monument; duerno huet d'Gemeng Wëntger d'Gäscht op en Éierewäin an de Chalet Léon-Dehon agelueden.

Beim uschléissenden Dîner de bienfaisance am Ischpelter Schlass gouf d'Gemeng Déifferdeng fir hier Aktivitéite ronderëm d'Ausstellung: «Quand Differdange devint "judenrein". Le jour où nos chemins se séparèrent» geéiert.
Fir säi Film „Das jüdische Leben im Dreiländereck Belgien-Deutschland-Luxemburg - Ein Beitrag zur Judenverfolgung im Eifelgebiet“ gouf den däitschen Dokumentarfilmer Adolf Winkler zum Éiremember vu MemoShoah ernannt. Ouni finanziell Ënnerstëtzung huet hien dee Film no jorelaange Recherche selwer produzéiert.

Den Erléis vun der Manifestatioun koum dem Projet vu MemoShoah zegutt, op dësem Site e «Centre de rencontre et de mémoire de la Shoah» fir jonk Leit anzeriichten.
Licence:
Výhrada:
personality
Credit:
Vlastní dílo
Sdílet obrázek:
Facebook   Twitter   Pinterest   WhatsApp   Telegram   E-Mail
Více informací o licenci na obrázek naleznete zde. Poslední aktualizace: Sun, 19 Feb 2023 07:41:08 GMT

Relevantní obrázky


Relevantní články

Kateřina Englichová

Kateřina Englichová je významná česká harfistka, manželka diplomata Václava Bartušky. .. pokračovat ve čtení